CGDIS6 Blesséierter bei 3 Accidenter um Méindeg

RTL Lëtzebuerg
Ee Bus an e Camion krute sech ze paken um 15.14 Auer tëscht Capellen a Mamer, hei goufe 4 Blesséierter gemellt.

Kollisioun um 10.50 Auer op der B7 Ettelbréck Richtung Angelduerf tëscht engem Camion an engem Auto. Eng Persoun gouf blesséiert.

Um 16.21 Auer war et dann zu Elleng-Gare Direktioun Munneref ee Motocyclist, dee vun engem Auto ugestouss gouf. Eng Persoun gouf derbäi verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO