
Hei krute sech géint 15:15 Auer 2 Gefierer ze paken.
Op der N10 tëscht Iechternach a Steenem krut en Automobilist géint kuerz no 12 Auer e Samschdeg aus bis ewell ongekläerte Grënn e Bam ze paken. Hei gouf eng Persoun blesséiert.
Um Elengerwee zu Wëntreng ass géint hallwer 3 e Motocyclist gefall a gouf blesséiert.
Um kuerz no 3 Auer koum et dann zu Diddeleng zu enger Kollisioun tëscht 3 Gefierer, dat an der Route de Thionville. Eng Persoun gouf hei blesséiert.