Bei Alkoholkontrollen6 Chauffeuren hunn hire Permis missen ofginn

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg goufen et tëscht 19 Auer a Mëtternuecht Alkoholkontrollen, déi vum Parquet ordonéiert waren.
© RTL Archiv

228 Automobilisten goufe kontrolléiert an hu misse blosen. Dobäi waren 9 Tester positiv. Bei 3 Chauffeuren war de Permis fort.

Weider Permisen ofgeholl

An der Porte de France zu Esch-Uelzecht gouf eng Patrull op e Chauffer opmierksam, deen duerch Rout gefuer ass. Bei der Kontroll ass den Alkoholtest däitlech positiv ausgefall, wouropshin den Automobilist säi Fürerschäin huet missen ofginn a protokolléiert gouf.

Op der Streck vun Éiter op Bous gouf en Auto gemellt, dee mam Motor un do stéing an an deem de Chauffer hannert dem Steier schlofe géing. Nodeems d’Beamten hie wakereg gemaach hunn, huet hie misse fir eng Alkoholkontroll blosen. Och hei ass den Test positiv ausgefall an de Permis gouf provisoresch agezunn.

Géint 4.45 Auer e Freideg de Moien war en Automobilist zu Gaasperech an der Route d’Esch opgefall, nodeems hie mat voller Vitess bei der grénger Luucht ugefuer ass. De Chauffer ass deels mat iwwer 110 Kilometer an der Stonn gefuer. Kuerz drop konnt den Auto gestoppt ginn. Bei der Kontroll ass den Alkoholtest positiv ausgefall, wouropshin de Permis agezu gouf.

Back to Top
CIM LOGO