
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg si 6 Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d’Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 964.
Bannent de leschten 72 Stonne goufen et 3.030 positiv Fäll bei 9.022 Tester.
69 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert. E Sonndeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 16,37 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 8,64 op 100.000.
Den Ament sinn 83 Persounen hospitaliséiert, dovunner 11 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.243.558 Impf-Dosisse genotzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,74. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.