Um Stater Geriicht6 Männer hu sech ënner anerem misse wéinst Wäisswäsche vu Sue veräntwerten

RTL Lëtzebuerg
Déi 6 Männer haten all zesummen net grad 315.000 Euro bei sech, wéi si um Findel, am Zuch an am Auto hei am Land kontrolléiert gi waren.

Wéinst engem Verstouss géint d'Gesetz vun Oktober 2010 a Saache Lutte géint d'Wäisswäsche vu Suen a géint de Finanzement vum Terrorissem stoungen e Mëttwoch an Donneschdeg am Ganze 6 Männer an der Stad viru Geriicht. Si hate sech net un d'Virschrëft gehalen, datt se "just" 10.000 Euro an d'Land eran, aus dem Land eraus oder duerch de Grand-Duché erduerch transportéieren dierften.

Wäisswäsche vu Suen / Rep. Eric Ewald

Déi 6 Männer haten all zesummen net grad 315.000 Euro bei sech, wéi si um Findel, am Zuch vu Frankräich op Lëtzebuerg an am Auto hei am Land kontrolléiert gi waren. Woubäi zwee Männer vun 32 a 37 Joer ganz kloer de Villchen ofgeschoss hunn: Si haten nämlech eleng 247.000 Euro bei sech, wéi si am Februar 2017 am Zuch vu Frankräich op Lëtzebuerg gepëtzt goufen. De Vertrieder vum Parquet huet dofir e Mëttwoch eng Geldstrof vun 10.000 Euro gefrot, nieft der Confiscatioun vun där bal Véierelsmillioun Euro. D'Urteel an dëser Affär gëtt den 9. Januar gesprach.

Vill méi séier, an zwar direkt schonn schonn en Donneschdeg, goufen zwee aner Männer hiren Tarif gewuer, déi och e Mëttwoch de Prozess gemaach kruten. Deem engen, 35 Joer al, gëtt reprochéiert, am Mäerz 2017 versicht ze hunn, fir mat 25.850 Euro, 4.700 tierkesche Liraen an 30 Schwäizer Frange mam Fliger vum Flughafen aus an d'Tierkei ze reesen. Deen aneren, 48 Joer al, hat am August elo probéiert, mat 11.330 Euro laanscht d'Douane um Findel ze kommen, och a Richtung Tierkei.

En Donneschdeg da koumen nach zwee Männer vun 41 an 61 Joer drun, déi op der Duerchrees mam Auto op zwou vun eisen Autobunne kontrolléiert gi waren: Dobäi haten och si mat eemol 13.490 Euro an eemol 15.500 Euro ze vill Bores dobäi!

Back to Top
CIM LOGO