Stater Geriicht6 Méint Prisong, Geldstrof, Fuerverbuet vu 37 Méint a Confiscatioun vum Auto

RTL Lëtzebuerg
Déi Strofe goufen de Méindeg de Moien um Stater Geriicht fir e Mann vun 32 Joer gefuerdert.
© AFP

Him war virgehäit ginn, am August 2019 mat gezunnener Handbrems bei eng Bensinsstatioun zu Rodange bäigefuer ze sinn.

Donieft souz de 6 Joer ale Fils vum Mann net an engem Kannersëtz, de Mann hat kee Führerschäin an nach e Fuerverbuet bis Enn Januar dëst Joer opstoen, an hien hat 1,9 Promill Alkohol am Blutt. D'Urteel ass fir de 4. Dezember.

Back to Top
CIM LOGO