2 Affäre vun Opruff zum Haass6 Méint Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vun 3.000 Euro

RTL Lëtzebuerg
Dozou gouf en Donneschdeg am Nomëtten um Stater Geriicht eng Fra veruerteelt, déi sech direkt wéinst 2 Affäre vun Opruff zum Haass hat misse veräntweren.
© AFP

Si hat sech am Juni zejoert an am Januar dëst Joer op der Facebooksäit vum "Essentiel" iwwer Migranten ausgelooss.

D'Fra hat ënnert anerem zu engem Artikel vun zejoert geschriwwen: "Wat hu mir mat deem Knascht ze dinn?" Wéi aner Leit heirop reagéiert hunn, hat si "Dofir hutt Dir kee Gehir, kranken Abschaum, deen Der sidd!" gepost.

Dëst Joer hat d'Fra dunn ënnert anerem gemengt: "Dee Knascht soll bleiwen, wou en ass!" Op d'Reaktioun dorop, dat wäre Mënschen, hat si geäntwert: "Neen, et sinn Afen!"

Back to Top
CIM LOGO