Coronavirus zu Lëtzebuerg6 Mënsche gestuerwen, vun 13.015 Tester waren der 449 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt 6 weider Mënschen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn.
© RTL

Am Ganze sinn elo zu Lëtzebuerg 434 Mënschen um oder mam Coronavirus gestuerwen.

Aktuell sinn 226 (-4) Patienten hospitaliséiert, dovunner 43 op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,80 . Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO