
Zejoert gouf sech beim Konsumenteschutz ëm iwwer 5.000 Sträitfäll gekëmmert. Eng Organisatioun, déi permanent wiisst, an en Dënschdeg schonn hire 60. Gebuertsdag geféiert huet.
D’ULC kuckt op 6 Joerzéngte Geschicht zréck. Gegrënnt de 14. Dezember vu 7 Gewerkschaften a Kooperatiounen, fir dem Handel op d’Fanger ze kucken. Ma 5 Joer méi spéit goufen d’Statute geännert, fir och privat Clientë kënnen opzehuelen. D’Zil ass nach ëmmer dat selwecht bliwwen, wéi de President vun der ULC den Nico Hoffmann, dee schonns 10 Joer un der Spëtzt steet, ënnersträicht.
Nico Hoffmann: “Déi wichtegst Aufgab vun der ULC ass d’Informatioun, d’Berodung, d’Erzéiung, d’Sensibiliséierung an d’Verdeedegung vun de Verbraucher. Virun allem d’Informatioun an d’Erzéiung zu engem kritesche Verbraucher stellt e wichtegen Deel vun der Aarbecht vun der ULC duer.”
40-45 Prozent vun de Leit, déi sech un si riichten, hunn e Problem mat hirem Logement, sief et bei der Konstruktioun oder der Locatioun. Den Aufgabeberäich vum Konsumenteschutz ass haut awer breet gefächert.
De Chamberpresident Fernand Etgen: “De Konsumenteschutz limitéiert sech net méi op di klassesch Biens et Services. D’ULC ass an enger laanger Lëscht vu Beräicher aktiv. Dat geet vun den Assurancen, dem Logement, dem Bau iwwer Kontrakter, de Bankesecteur, d’Alimentatioun, d’Gesondheet, mee och d’Reesen an d’Online Akafen.”
D’ULC gëtt awer net nëmmen Informatiounen, mä leescht och hire Membere juristesche Support, wann et muss sinn, an iwwerhëlt d’Hallschent vu Geriichtskäschte bis zu 10.000 Euro. 99 Prozent vun de Sträitfäll kënnen awer direkt geléist ginn, seet den Nico Hoffmann. Bei manner wéi engem Prozent muss iwwer eng juristesch Instanz gefuer ginn. Wéi wichteg den informéierte Client dann ass, betount de Marc Fischer, Premier Conseiller am Verbraucherschutzministere: “Jiddereen, deen als informéierte Konsument agéiert, bestëmmt aktiv mat, wéi a wat produzéiert gëtt, a wat fir Déngschtleeschtungen offréiert ginn.”
Deemno huet d’ULC eng Konventioun mam Verbraucherschutzministère a kritt esou eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat. Fir de Verbraucher awer kënne weider ze stäerken, fuerdert d’ULC elo dat de Projet de Loi, fir Sammelkloen ze erméiglechen, d’nächst Joer sou séier wéi méiglech duerch d’Chamber geet.