Corona-Maniff an der Stad60 Leit hunn demonstréiert - eng Persoun interpelléiert

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Mëtteg sinn an der Stad nees e puer Dose Leit op d'Strooss gaangen an hu géint déi aktuell Corona-Politik demonstréiert.

Wéi et vun der Police heescht, wier just op enger Plaz manifestéiert ginn an d’Demo wier am grousse Ganze friddlech verlaf. Um 13.30 Auer hu sech déi éischt Persounen um Glacis versammelt. Eng dräivéierel Stonn méi spéit huet sech de Cortège aus ronn 60 Manifestanten op de Wee a Richtung Boulevard Robert Schuman gemaach. Kuerz virun der rouder Bréck si si stoe bliwwen a géint 16.30 Auer nees zeréck an Direktioun Glacis gaangen.

D’Maniff gouf am Virfeld ugemellt a war deemno erlaabt. Den Tracé tëscht dem Glacis an der Place de l’Europe war dofir virgesinn. D’Police huet d’Demo encadréiert.

Wéinst den Deplacementer koum et zu Perturbatiounen am Trafic. De Boulevard Robert Schuman, de Rond-point Schuman an d’Avenue de la Porte-Neuve hunn eng Zäit laang misse gespaart ginn.

Eng Persoun gouf iwwerdeems interpelléiert an eng juristesch Prozedur opgemaach. Dat am Zesummenhang mam Artikel 14 vum Policegesetz. Dat heescht, datt d’Persoun eng Gefor fir sech selwer, anerer oder den Ordre publique duergestallt huet.

Nodeems de Staatsministère dës Woch eng Denonciatioun beim Parquet gemaach huet, well op där leschter Demonstratioun gesonge gouf, de Premierminister géing op der neier, rouder Bréck gehaange ginn, gouf e Samschdeg gesongen “D’Bëtschel gëtt gehaangen”, wéi een op Videoen an de soziale Medie gesäit.

Back to Top
CIM LOGO