Kräizung Grand-Rue-Cimetière61 Joer ale Foussgänger zu Rëmeleng stierft no Kollisioun vun 2 Gefierer

RTL Lëtzebuerg
Um 11.20 Auer um Dënschdeg koum et zu Rëmeleng zu engem Accident, woubäi tragescherweis ee Foussgänger um Trottoir erfaasst gouf.

De Lëtzebuerger koum mat liewensgeféierleche Blessuren an d'Spidol, wou hien duerno verscheet ass.

D'Plaz war bis 13.30 Auer fir de Verkéier gespaart.

Eng Persoun hat éischt Hëllef geleescht. Déi Fra soll sech bei der Käler Police mellen um 24 46 41000.

Back to Top
CIM LOGO