9. Kalennerwoch62% vun de Fäll zu Lëtzebuerg si brittesch Variant

RTL Lëtzebuerg
Den LNS ass weiderhin amgaang Prouwe vum Coronavirus ze sequenzéieren, fir e Monitoring iwwert Mutatiounen ze maachen.

An der 9. Kalennerwoch, vum 1. bis de 7. Mäerz goufen deemno 475 Echantillonen iwwerpréift. Dobäi gouf an 62% vun de Fäll déi brittesch Variant vum Virus festgestallt an an 18,5% déi südafrikanesch.

Dat huet de Staatslabo en Donneschdeg den Owend an engem 13 Säite laange Rapport publizéiert.

10 verschidde Mutatioune ginn iwwregens doranner opgelëscht.

Eng Prouf huet ewell och déi brasilianesch Variant am Grand-Duché confirméiert. Bei där geet een dervun aus, dass eng méiglech Immunitéit duerch eng viregt Infektioun net méi wierksam ass. Eng Abberzuel vu Fäll am brasilianesche Manaus hätt dat beluecht.

PDF: De komplette Rapport vum LNS

Back to Top
CIM LOGO