Bis 203065% vum Dreck, deen Doheem produzéiert gëtt, soll recycléiert ginn

Monica Camposeo
Eng Null-Offall-Strategie fir Lëtzebuerg huet d'Ëmweltministesch e Mëttwoch presentéiert. E Pfand-System op Fläschen a Béchse soll agefouert ginn.
Null-Offall-Strategie fir Lëtzebuerg
Eng Rei europäesch Direktiven a punkto Offall-Gestioun a Vermeidung vu Verpackunge musse jo an nationaalt Recht ëmgesat ginn.

Eng Rei europäesch Direktiven a punkto Offall-Gestioun a Vermeidung vu Verpackunge musse jo an nationaalt Recht ëmgesat ginn. Fir d'Bierger anzebannen, goufen a 6 Workshoppen uechter d'Land Iddien ausgeschafft, wéi een den Dreck reduzéiere kéint. E Mëttwoch gouf dann de grousse Pak presentéiert.

Null-Offall-Strategie fir Lëtzebuerg / Rep. M. Camposeo

Virop sief gesot, datt null Offall kee realistescht Zil ass an dat wäert och ni erreecht ginn. Well de Problem kennt jiddereen: Egal ob mir akafe ginn, eis undoen oder telefonéieren. Alles wat mir am Alldag benotzen, gëtt fréier oder spéider Offall. Mä et geet drëm, een anert Bewosstsinn fir eis Ressourcen ze kréien. Se besser a méi laang ze notzen. Bis 2030 soll 65% vum Dréck, deen Doheem produzéiert gëtt, recycléiert ginn. De Rescht Knascht am groen Drecksbac soll dann och net net méi um Dreckstipp landen.

De Robert Schmit, Direkter vun der Ëmweltverwaltung: "Wat dann nach iwwreg bleift, dat ass d'Verbrennung. Mir kënnen aus deene Matièren nach ëmmer d'Energie, déi dran ass, notzen."

Et soll e Vidange, e Pfand kommen op Gedrénksfläschen a Béchsen. Ganz sou einfach ass dat awer net. Mat der Belsch an Holland muss zesumme geschafft ginn. Dat meeschte Gedrénks, dat hei verkaf gëtt, kënnt aus der Belsch. De Pfandsystem soll net nëmme fir Lëtzebuergesch Produite gëllen.

An Zukunft soll verstäerkt op reutilisabel Produite gesat ginn. Eewee Becheren an Telleren, verschidde Barquette solle vun 2024 net méi dierfe verkaf ginn. Grad esou wéineg wéi virverpaakt Uebst a Geméis. D'Supermarchéë musse Pläng ausschaffen, fir Liewensmëtteloffall ze evitéieren. Aus de Recycling-Zentre solle sougenannt Ressourcen-Zentre ginn.

De Robert Schmit: "Wéi zum Beispill datt ech Produkter kann ofginn, déi nees weider benotzt kënne ginn, oder datt ech Produkter kann ofginn an op der Plaz da kënne Repair-Caféë funktionéieren. Also dass ech Saachen net als Offall just notzen, mä datt ech se esou behandelen, datt se weider am Circuit bleiwen."

Wat de sougenannte Littering ugeet, esou soll deen an Zukunft méi héich bestrooft ginn. D’Amende soll am Kader vum neien Offallgesetz vun 49 Euro op 149 klammen. An der Constructioun soll net just energieeffizient gebaut ginn. Vun 2025 wäert e Materialregëster opgestallt ginn, dee festhält, wéi eng Ressourcë wou verschafft an agebaut goufen.

Dernieft soll ee Marché geschafe ginn, fir dat ofgebaut Material nees ze notzen. D’Kreeslafwirtschaft wier ee vun de groussen Jokeren fir de Klimaschutz, esou d’Ëmweltministesch.

PDF: Schreiwes mat weideren Detailer vum Ministère

Back to Top
CIM LOGO