
Zu Lëtzebuerg gi ronn 656.000 Stéit besteiert. Eng 185.000 dovu falen an déi niddregst Kategorie vu manner wéi 20.000 Euro u Revenu imposable am Joer. Knapps 50.000 Stéit hunn e steierflichtegt Akommes vun tëscht 100.000 an 200.000 Euro am Joer. An d’Kategorien uewendriwwer falen dann nëmmen nach e puer Dausend Stéit. An der héchster Kategorie fënnt ee Stéit mat engem Akommes vu méi ewéi 500.000 Euro am Joer. Där ginn et der hei am Land knapps 1.300 Stéck.
2020 haten 0,7 Prozent vun de Persounen, déi hei am Land besteiert goufen, fir d’Hallschent vun de Recette vun der Steieradministratioun gesuergt. Bleift nach ze soen, dass eng 65.000 “personnes morales” keng Steiere bezuelt haten.