
Bis dës Woch ewell gouf all zéngte Bong och ageléist. An Zuelen heescht dat, datt vun den 730.000 Bongen, déi verschéckt goufen, der ronn 68.000 ageléist goufen.
Dës Zuelen nennt den Tourismusminister Lex Delles op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen.
D'Zilsetzung vun der Campagne, fir Lëtzebuerg nohalteg als touristesch Destinatioun duerzestellen an als interessant Alternativ zu Reesen an d'Ausland, wier dem DP-Minister no erreecht ginn.
Dëst beleet och eng Ëmfro vu "Luxembourg for tourism", an där 33% vun den Hotelieren, respektiv 57% vun de Camping-Exploitante soten, datt d'Buchunge vu Residente substantiell déi lescht Méint zougeholl hätten.
Iwwerdeems wäert de Solidaritéitsfong, dee speziell fir Firmen aus dem Horesca, Evenementiel an Tourismus gegrënnt gi war, bis an d'nächst Joer era verlängert ginn.
Dernieft soll awer och dem Minister Delles no eng nei Direkthëllef geschaaft ginn, fir deene staark betraffene Secteuren, dorënner den Hoteller, finanziell ënnert d'Äerm ze gräifen. Et wier awer net virgesinn, fir d'Zomme vun de Bongen, déi bis zum 31. Dezember net ageléist goufen, als Subventionéierung un d'Hoteller ze verdeelen, sou de Lex Delles.
