
Ënnert de Signatairen sinn Associatiounen wéi d’ABBL oder d’Alfi, awer och eng ganz Rei Banken an Assurancen hunn an hirem perséinlechen Numm ënnerschriwwen. Si engagéiere sech fräiwëlleg dozou, sech eegen Ziler ze ginn fir méi Fraen op Spëtzeposten ze kréien an all Joer de Point ze maachen, wou een a Saachen Egalitéit steet. D’Charta gëtt dann och vum Finanzministère ënnerstëtzt.
De Statec huet Uganks der Woch notéiert, datt an der Finanzwelt den Ënnerscheed an der Pai tëscht Fraen a Männer zu Lëtzebuerg mat 23% am héchsten ass.
D’Aféierung vu verbindleche Quote gesinn déi Concernéiert weiderhi kritesch. Och wann de Weltwirtschaftsforum zejoert zur Konklusioun koum, datt et nach carrement ee Joerhonnert dauere géif, bis d’Egalitéit tëscht de Geschlechter erreecht wier. Am RTL-Interview sot déi liberal Finanzministesch Yuriko Backes, datt si u sech fundamental géint Quoten ass. Nawell misst een awer gesinn, datt verbindlech gesetzlech Ziler dozou féiere kënnen, méi séier weiderzekommen. Op EU-Niveau musse vun 2026 un, Verwaltungsréit vun Entreprisen, déi op der Bourse kotéiert sinn, paritéitesch besat ginn. Zu Lëtzebuerg dierft dovunner bal kee concernéiert sinn.