
En Auto krut op där Streck e Bam ze paken. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert.
Kuerz no 8 Auer krute sech en Auto, eng Camionnette an e Camion op der Nordstrooss tëscht Colmer-Bierg a Schieren ze paken. Hei gouf et ee Blesséierten. A géint 10.15 Auer sinn tëscht Schweebech a Rippweiler en Auto an e Bus net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
Géint 16.25 Auer koum et an der Avenue de l’Europa zu Rodange zu engem Accident mat zwee Autoen, hei mellt de CGDIS ee Blesséierten. Zu Wolz an der Route d’Ettelbruck ass en Automobilist mat sengem Won an e Bam gerannt a gouf blesséiert. Zu Käerjeng gouf et e weideren Accident mat zwee Gefier, wou eng Persoun verwonnt gouf.