
Sou zum Beispill zu Esch géint 17:45 Auer, wou en Auto an e Motocyclist aneneegerannt sinn an eng Persoun blesséiert gouf, ëm déi sech déi lokal Rettungsekippe gekëmmert hunn.
E weidere Blesséierte gouf et da géint 20:30 Auer zu Bierg, wou en Auto géint e Bam gerannt ass. D'Secouristen aus der Stad a vu Mensder waren am Asaz.
D'Diddelenger a Beetebuerger Secouriste waren dann um 22:17 Auer op en Accident zu Beetebuerg geruff ginn, wou zwee Autoe aneneegerannt waren an zwou Persoune blesséiert gi sinn. Eng 40 Minutte méi spéit war och zu Beetebuerg en Auto géint e geparkt Gefier gerannt, och hei ass eng Persoun verwonnt ginn. D'Beetebuerger CGDIS-Ekippe goufen dës Kéier vun de Kolleegen aus der Stad ënnerstëtzt.
An der Nuecht op e Samschdeg, géint 1:50 Auer hu sech d'Secouristen aus der Stad a vun Esch dann ëm zwee Blesséierter misse këmmeren. Zwee Autoe waren op der A4 op der Héicht vu Steebrécken aneneegerannt.