Wéi geet et klengen a mëttelgrousse Betriber an Zäiten, déi vun Onsécherheet a Krise gepräagt sinn ? Dat war de Sujet vun eiser Emissioun Background.
Invitéeë waren d'Fanny Bervard, déi hir eege Bijou-Mark gegrënnt huet, de Raphaël Betti, Barbesëtzer an Entrepreneur, an de Lionel Ferber, Patron vun engem grousse Coifferbetrib.
Wann de Mindestloun an d'Luucht geet, sinn och déi aner Léin, déi e bëssi doriwwer leien, op d'mannst indirekt betraff, huet de Lionel Ferber gemengt. Fir säi Betrib géing dat konkret bedeiten, datt entweder d'Marge méi kleng gëtt oder d'Präisser an d'Luucht ginn. D'Fanny Bervard huet ënnerstrach, datt et engersäits wichteg wier, datt d'Kafkraaft vun den eegene Salariéen erhale bleiwe misst, mee et wier fir d'Betriber awer net einfach. De Raphaël Betti sot, datt hie mat just zwee Employéë manner vun enger Erhéijung vum Mindestloun betraff wier. Am Noutfall géing hie selwer asprangen.
Mat Bléck op d'Patronen, kéint een net pauschal soen, datt et deenen alleguerte gutt geet, huet de Lionel Ferber gemengt. Generell wier de Logement dee gréisste Problem, well dacks een ze groussen Deel vun der Paie fir de Loyer oder d'Zeréckbezuele vum Prêt dropgoe géing. De Raphaël Betti huet iwwerdeems gemengt, datt beim Salaire iergendwann eng Grenz erreecht wier, ma hie géing senge Salariéen op eng aner Aart a Weis entgéintkommen, zum Beispill duerch flexibel Aarbechtszäiten oder Teambuilding. Änlech wier et bei der Fanny Bervard, déi zum Beispill enger vun hire Salariéen ee Lëtzebuergeschcours bezillt. Dat kéint der Fra och eppes bréngen, wa si iergendwann eng aner Plaz siche sollt.
Wat d'Ausdeenung vun der Sonndesaarbecht ugeet, hunn déi dräi Invitéen dës nuancéiert gesinn. Et géing vun der Branche an och deels vum Geschäft ofhänken, ob et Sënn mécht, sonndes opzemaachen oder net.
Eng generell Reduzéierung vun der Aarbechtszäit bei vollem Lounausgläich stéisst iwwerdeems bei kengem vun den dräi Invitéen op Géigeléift. Am Endeffekt géing doduerch den Drock op d'Salariée méi grouss ginn, fir a méi kuerzer Zäit dat selwecht ze leeschten.
Besser wier et, wann am Privé eng sechst Congéswoch dobäi kéim. Dat géing d'Betriber finanziell manner belaaschten, virun allem wann de Salarié dee Congé an enger Zäit hëlt, wou d'Geschäft e bëssi méi lues dréint.
Wat déi héich Präisser fir Energie a Matières premières ugeet, déi jo ee Resultat vum Iran-Krich sinn, géingen déi sech scho massiv op d’Margen auswierken. Sou zum Beispill den héije Goldpräis op d’Bijouen. Et kéint een awer och méi staark aus Krisen ervirgoen. Als Beispill huet de Lionel Ferber een Onlineschop genannt, dee wärend der Corona-Kris opgebaut gouf an och haut nach gutt lafe géing.
D'Fanny Bervard krut rezent de Prix de la jeune entrepreneuse. Si huet ënnerstrach, datt dat net just hire Verdéngscht wier, mee dee vun hirer ganzer Ekipp. De Raphaël Betti huet sengersäits dozou opgeruff, datt ee berufflech dat maache soll, wat engem Spaass mécht an net just op d'Sécherheet kucken. De Lionel Ferber huet betount, datt et wichteg wier, dee Metier, an deem ee schafft, och wierklech ze kennen. Dowéinst hätt hien nodréiglech de Brevet de maîtrise nogemaach.
Och wann déi dräi Invitéë gären Independant sinn, hu si awer fonnt, datt et aktuell extrem schwiereg Zäite fir d'Handwierk sinn. Dat géing och doru leien, datt et schwéier wier, qualifizéiert Personal ze fannen.
E Samschdeg sinn d'Fanny Bervard, de Raphaël Betti an de Lionel Ferber eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.