Auto géint Minibus7 Blesséierter bei engem Accident zu Esch

RTL Lëtzebuerg
Weider mellt de CGDIS Accidenter bei Hengescht, Téiteng an um Enn vun der A7 a Richtung Stad.

Op der Penetrant Lankelz zu Esch ware kuerz no 10 Auer en Auto an e Minibus net laanschtenee komm. Bei dësem Accident mellt de CGDIS siwe Blesséierter. Am Asaz waren d’Rettungsekippe vun Diddeleng, Esch, Keel a Suessem-Déifferdeng esou wéi och de Samu aus der Stad.

En Accident mat engem Blesséierte gouf et um CR338 um 6 Auer bei Hengescht, d’Ekippe vu Clierf waren hei am Asaz. Zwee Blesséierter gouf et da bei engem Tëschefall kuerz viru 7 Auer um Schluss vun der A7 a Richtung Stad, hei waren zwee Ween net laanschtenee komm. Déi Blesséiert goufe vun den Ekippen aus der Stad a vun Nidderaanwen versuergt. An um 8.30 Auer ware dann zwee Ween zu Téiteng accidentéiert, hei gouf eng Persoun vun de Beetebuerger a Monnerecher Rettungsdéngschter behandelt.

Back to Top
CIM LOGO