
An der Rue de la Gare zu Lëntgen gouf eng Persoun ugestouss a blesséiert. Dat war um 22.40 Auer e Freideg den Owend. Hei war och de Samu am Asaz.
An der Haaptstrooss zu Réiden ass kuerz virun 3 Auer an der Nuecht en Auto accidentéiert, eng Persoun gouf heibäi blesséiert. Wéi d’Police méi spéit matgedeelt huet, war hei en alkoholiséierte Chauffer an eng Mauer virun engem Eefamilljenhaus gerannt. Dobäi gouf och nach e geparkte Won beschiedegt. De Permis war op der Plaz fort.
Wéi tëscht Mompech an Uesweller géint 18.30 Auer e Freideg den Owend en Auto géint eng Mauer gerannt ass, gouf kee verwonnt.
E Samschdeg de Moie géint 7.45 Auer koum et an der Stad um Boulevard de Kockelscheuer zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer. Zwou Persoune goufe verwonnt. Och hei war de Samu am Asaz.