Coronavirus zu Lëtzebuerg7 Persoune gestuerwen, vun 10.145 Tester waren der 165 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 726 läit.

Aktuell sinn 128 Persounen hospitaliséiert, dovunner 21 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 3.175 aktiv Infektiounen a 55.761 Persoune gëllen als geheelt.

1.029 Persoune kruten e Méindeg hir 1. Dosis, fir 254 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 75.532 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,11. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO