Héich Nieweverdéngschter fir Beamten an der Kritik
Interessenskonflikt oder Virdeel fir d'Regierung? Am däitsche Magazin "Der Spiegel" ass an der neister Editioun vum Samschdeg en Artikel iwwer Lëtzebuerg.
Oder loosse mer mol soen, en Artikel an der Haaptsaach iwwer de Vizepremier a Wirtschaftsminister Etienne Schneider. Et geet drëm, datt bei eis am Land héijer Regierungsbeamte kënnen am Verwaltungsrot vun enger Kapitalgesellschaft sëtzen, an op déi Manéier kënne gutt Geld verdéngen.
Dat ass u sech alles bekannt. Wann een dat net normal fënnt, dann äntwert de Minister: Et ass och net normal, datt an Däitschland Minister an esou Verwaltungsréit sëtzen. Grad esou einfach ass et net, well den Däiwel stécht am Detail.
Den Etienne Schneider war ënnert der leschter Regierung déi riets Hand vum Wirtschaftsminister Jeannot Krecké, also héije Beamten. Hie gouf 2010 Vize-President vum Verwaltungsrot vun der neier Gesellschaft ENOVOS (déi al CEGEDEL) a gouf zugläich President vu Creos.
All dat ass gewosst, et steet och expressis verbis esou am Curriculum vitae vum Här Schneider um Regierungssite.
Da stelle sech Froen ewéi: Gëtt et net Interessenskonflikter, wann ee Vizepresident an zugläich Administrateur délégué ass? Steet net am Statut vun de Staatsbeamten, datt e Beamten net däerf an eng Gesellschaft geschéckt ginn, wann hien aus engem Ministère kënnt, deen d'Tutelle iwwer déi Gesellschaft huet?
Fir de "Spiegel"-Journalist Christoph Pauly ass de Fall Etienne Schneider nëmmen ee vu villen zu Lëtzebuerg. Et wieren am Ganzen 150 Beamten, déi ganz vill Posten an der Lëtzebuerger Economie hunn.
An do komme gären iwwer 100.000 Euro d'Joer zesummen, wuel verstanen, just aus deene Funktiounen - parallel leeft jo d'Pai als Regierungsbeamten och weider.
Wéi gesot, et ass näischt komplett Neits, ma fir de Christoph Pauly ass et wichteg, datt doriwwer an der Ëffentlechkeet geschwat gëtt. Et kéint ee sech dat zwar aus de Geschäftsbicher eraussichen, do géif een dann mol op iwwer 100.00 Euro d'Joer kommen. Dat misst de Public dobausse wëssen.
An de Premier Juncker hätt sech deemools vehement géint en Europa-Kommissär gewiert: De Beamte géing net am Interessi vum Betrib schaffen, ma am Interessi vum Staat an de "Spiegel"- Artikel hält op: Zanter de Juncker Kommissiounspresident ass, leeft et an Europa e bësselche wéi zu Lëtzebuerg.
LuxLeaks
Hannergrond vum Spiegel-Artikel ass iwwregens d'Luxleaks-Affaire an hir Suitten. Déi aner Woch en Donneschdeg gëtt de Kommissiounspresident a fréiere Premier Jean-Claude Juncker an der Spezialkommissioun vum Europaparlament gehéiert.
Dem Spiegel no kéint d'Spezialkommissioun, déi sech mam Opschaffe vun der Luxleaks-Affaire befaasst, e juristescht Nospill hunn. De gréngen Europadeputéierten Sven Giegold wéilt eng Plainte beim Europäesche Geriichtshaff maachen, well sech Conseil a Kommissioun ëmmer rëm gedréckt hätten, fir der parlamentarescher Kommissioun relevant Informatiounen weiderzeginn.
An der "Taz" hat de President vun der Spezialkommissioun Alain Lamassoure virun e puer Deeg kritiséiert, datt d'Halschent vun de Memberstaaten, déi d'Kommissioun konsultéiert huet, refuséiert hunn, Dokumenter weiderzeginn.
Nächsten Donneschdeg gëtt de Kommissiounspresident a fréiere Premier Jean-Claude Juncker vun der Tax-Ruling-Spezialkommissioun gehéiert.
An um Samschdeg war den Etienne Schneider als Invité an der Emissioun Background. Do konnten all déi dote Froe gestallt ginn; donieft goung et an där Emissioun och iwwer d'Flüchtlingen an iwwer Economie.
BACKGROUND AM GESPRÉICH: Invité Etienne Schneider.
„Den Här Schneider sollt, amplaz indignéiert ze sinn, dem Staat all déi Suen zeréckbezuelen, déi hie krut, wéi hien net Minister war“: Dat fuerdert Protinvest e Méindeg de Moien an engem Communiqué. D'Associatioun fir de Schutz an d'Verdeedegung vun Investisseure reagéiert domat op Aussoe vum Vize-Premier Etienne Schneider an der Emissioun Background am Gespréich. D'Gesetz iwwert d'Statute vun Administrateuren, déi ë.a. de Staat an enger SA vertrieden, wär kloer, sou Protinvest, an de Minister sollt all déi aner betraffe Leit dozou incitéieren, och hir Suen erëmzeginn.
PDF: De Communiqué vu Protinvest.
Hei eng kuerz Zesummefaassung vum 4 Säiten-Artikel:
SPIEGEL: "Das Luxemburg-Prinzip".
Luxemburger Beamte haben lukrative Wirtschaftsposten
In Luxemburg können Topbeamte mit zusätzlichen Posten in der Wirtschaft reich werden. So kann ein Verwaltungsrat oder Vorstand in Kapitalgesellschaften über 100000Euro im Jahr verdienen und das Geld behalten, wenn er von seinem Ministerium abgeordnet wurde.
Das Nachrichten-Magazin DER SPIEGEL schildert in seiner aktuellen Ausgabe den Fall des aktuellen Wirtschaftsministers und Vizepremiers Etienne Schneider, dessen Einkommen nach eigener Aussage in seiner Zeit als Beamter um die Hälfte höher war als jetzt in seiner Zeit als Minister. Schneider war bis zu seiner Ernennung als Minister Anfang 2012 Beamter im Wirtschaftsministerium und außerdem Präsident des Strom- und Gaskonzerns Enovos International und Vorstandsvorsitzender des Energieversorgers SEO. „Die Vernetzung mit der Industrie ist ein Vorteil“, verteidigt Schneider das Prinzip.
Doch in Luxemburg regt sich Widerstand gegen das System: „Da bereichern sich einige auf Kosten der Allgemeinheit“, sagt Edgar Bisenius, Geschäftsführer der Luxemburger Investorenschutzorganisation Protinvest.