Premierminister Donald Tusk aktivéiert Nato-Artikel 4

© AFP
De polnesche Premierminister Tusk warnt, dass d'Situatioun ëmmer méi no un en "oppene Konflikt" erukënnt. Nach wär een awer net an engem Krich.
19 Dronen hunn an der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch d'Grenz zu Polen iwwerflunn a waren am polnesche Loftraum ënnerwee. Op d'mannst dräi Drone konnten duerch Kampfjetten ofgeschoss ginn, dobäi ass keen zu Schued komm. De polneschen Inneministère deelt mat, dass en Haus an een Auto beschiedegt gi sinn.
Et ass net déi éischte Kéier, dass russesch Dronen a Rakéiten de Loftraum vun Nato-Staate violéieren, mee bis elo huet nach keen Nato-Staat probéiert, déi russesch Fluchkierper ofzeschéissen.
Den Artikel 4 vun der NATO, dee vum polnesche Premierminister Donald Tusk aktivéiert ginn ass, beseet, dass all Nato-Member dringend Gespréicher ufuerdere kann, wann d'Land mengt, dass seng "territorial Integritéit, politesch Onofhängegkeet oder Sécherheet" um Spill steet. Dëst ass lo réischt déi aachte Kéier, dass sech op den Artikel 4 bezu gëtt. Den Nordatlantikrot, dat Haaptentscheedungsorgan vun der Nato, huet hiert wëchentlecht Treffen e Mëttwoch ugepasst an hält et ënnert dem Artikel 4 of.
D'Verletzung vum polnesche Loftraum kënnt an enger Nuecht, an där Russland d'Ukrain rëm massiv ugegraff huet, ënnert anerem och déi westukrainesch Stad Lwiw, déi 8 Kilometer vun der polnescher Grenz läit. Déi polnesch Autoritéite confirméieren, dass siwen Dronen an d'Iwwerreschter vun engem onbekannte Projektil lokaliséiert konnte ginn.
Ee wichtege Prinzip vun der Nato ass, dass een Ugrëff op een Nato-Member wéi eng Attack op all Nato-Staaten unzegesinn ass. Dëst ass den Artikel 5 vun der Nato.
Keng Confirmatioun, ma och keen Dementi
De russeschen Diplomat a Polen Andrei Ordash ass an den Ausseministère aberuff ginn, wéi en RIA Novosti erzielt huet. Den Ordash ass der Meenung, dass Warschau nach beweise muss, dass d'Dronen aus Russland komm sinn.
De russesche Verdeedegungsministère huet eng Stellungnam verëffentlecht an där steet, dass een net d'Intentioun hat, Ziler a Polen z'attackéieren. Et gëtt awer weder confirméiert, nach dementéiert, dass Dronen op polnescht Gebitt geflu sinn. Ma Russland wär bereet, mam polneschen Defenseminister iwwer dee Sujet ze schwätzen, heescht et.
Een Nato-Diplomat, deen anonym bleiwe wëll, seet, dass d'Verletzung vum Loftraum net als "Start vun eppes Groussem gesi gëtt". Dem Diplomat no, gëtt et keng Informatiounen dozou, ob et e gewollten Tëschefall war. Weider erkläert den Diplomat: "Et gesäit aus, wéi wann et entweder d'Nato teste sollt oder d'Zil war, d'Ukrain aus engem anere Wénkel unzegräifen."
D'operationell Féierung vum polnesche Militär seet hirersäits, dass d'Violatioun vum Loftraum "beispillos" war an nennt et een "Akt vun der Aggressioun."
De Mark Rutte, Nato-Generalsekretär, betount, dass d'Äntwert vun der Nato warscheinlech doraus besteet, e puer extra Assets a Polen ze verleeën an eng haart Linn ze fueren.
Den Tëschefall kënnt een Dag nodeems den neien nationalistesche polnesche President Karol Nawrocki gewarnt huet, dass de russesche President Putin bereet wär, weider Länner ze iwwerfalen.
Polen ass e groussen Ënnerstëtzer vun der Ukrain an eng wichteg Transitzon fir humanitär a militäresch Hëllef. Iwwert eng Millioun Ukrainer an Ukrainerinnen hu sech a Polen a Sécherheet bruecht zanter dem Ufank vum Krich.
National an international Reaktiounen
De polneschen Ausseminister Radoslaw Sikorski ass sech sécher, dass d'russesch Dronen, déi an der Nuecht a polnesche Loftraum agedronge sinn, keen Accident waren. Dat sot hie Reporter géintiwwer.
D'polnesch Säit hätt keen Zweiwel drun, dass dat net nëmmen eng Attack op polneschen Territoire war, mä och op Nato-Territoire an dee vun der EU.
De polnesche Premier Donald Tusk hat vun enger Provokatioun vu grousser Envergure geschwat. Ëmmerhi wären 19 Violatioune vum Loftraum notéiert ginn. Op eegenem Territoire goufe siwen Dronen an d'Iwwerreschter vun enger Rakéit fonnt.
D'Nato-Memberlänner reagéiere schockéiert op de Virfall a condamnéieren d'Virgoe vu Russland schaarf. Och den NATO-Generalsekretär Mark Rutte. Den US-President Trump huet iwwerdeems eng Entrevue mam polnesche President Karol Nawrocki.