Ettelbréck71 Joer ale Foussgänger stierft, nodeems en ugestouss gouf

RTL Lëtzebuerg
De Méindeg gouf et op eise Stroossen ee Verkéiersaccident mat déidleche Suitten.
© Anthony Bouges

Zum Accident koum et géint 21 Auer an der Avenue des Alliés zu Ettelbréck. Ee Foussgänger war hei vun engem Won ugestouss ginn. Éischten Erkenntnisser no ass de Foussgänger grad iwwer d’Strooss gaangen, wou hie vum Auto erfaasst gouf. D’Affer, een 71 Joer ale Mann, koum schwéier blesséiert an d’Spidol. Do ass de Mann am Laf vun der Nuecht u senge schroe Blessure gestuerwen.

De Parquet gouf iwwert de Virfall informéiert an huet de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police beoptraagt, déi genee Ëmstänn vum Accident ze klären. De Won, deen an den Accident involvéiert war, gouf saiséiert an eng Autopsie gouf ordonéiert. De Parquet huet ausserdeem ugefrot, d’Fuererlabnis anzezéien.

Een Alkohol- an Drogentest beim Chauffer war negativ. D’Ermëttlunge lafen awer weider an all supplementär Iwwerpréiwunge ginn ënnert der Opsiicht vum Untersuchungsriichter zu Dikrech gemaach, wéi d’Police erkläert.

Back to Top
CIM LOGO