ILR deelt matËmmer méi Leit bestellen online, d'Bréifpost verléiert dogéint u Relevanz

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet den Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) hire Rapport zu de Postservicer 2025 publizéiert.
Archiv-Foto
© AFP/Archiv/Tobias SCHWARZ

D'ILR mécht an hirem aktuelle Rapport kloert, dass een en däitleche Réckgang bei der Bréifpost feststelle konnt. 2025 goufen am Ganze 118,43 Millioune Bréiwer geschéckt. Dat ass e massive Réckgang vun 5,94% am Verglach zu 2024. Beim nationalen Trafic ass et souguer en Baisse vu bal 7%. Trotzdeem ass dëse Réckgang am Lëtzebuerger Verglach manner staark wéi an Däitschland oder Frankräich. D'POST Luxembourg verschafft ronn 95,4% vum gesamte Bréifverkéier.

Den Ëmsaz an dëser Spart ass awer trotzdeem ëm 2,3% op 112,49 Milliounen Euro geklommen. Grond dofir sinn d'Präiserhéijunge vun der POST. De duerchschnëttleche Recette pro Bréif ass zënter 2021 vun 0,72 € op 0,94 € geklommen.

Bei der Entwécklung vun de Päck ass et genee de Contraire ze observéieren. De Volume vun de Päck ass am Joer 2025 ëm 16,60% op am Ganze 22,54 Milliounen Päck geklommen. Den absolutte Groussdeel dovun, nämlech 86,97%, si Päck, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg komm sinn, also ronn 19,61 Milliounen Unitéiten, wat e Plus vun 22,46% bedeit. Den Ëmsaz bei de Päck klëmmt dobäi ëm 12,2% op 105,32 Milliounen Euro. Wärend den Import vu Päck am Schnëtt konstant bei 3,68 € pro Pak läit, ass de Präis fir e Pak am Inland oder an d'Ausland ze schécken am Schnëtt vun 10,64 € op 11,33 € geklommen.

Am Ganze 84,6% vum gesamten Trafic bei de Päck goufen u Sous-traitante weiderginn, virun allem bei de Päck aus dem Ausland, ass dat de Fall.

Hei en Infogramm vum ILR, mat allen Zuelen op ee Bléck!
De komplette Rapport am PDF!

Back to Top
CIM LOGO