
Ronn 20 Beamte waren am Asaz dobäi, 71 Mol goufen et Verstéiss, meeschtens waren d'Automobilisten ze séier ënnerwee.
20 Mol gouf et e Protokoll vun 49 Euro, dat well d'Vitesslimitatioun ëm 25km/h oder manner iwwerschratt gouf.
A 40 Fäll da waren d'Automobiliste mat enger Vitess vun tëscht 120 an 140 km/h am Tunnel ënnerwee an hunn hei 145€ misste bezuelen an hunn 2 Punkte verluer.
5 Automobilisten da kruten de Permis nach op der Plaz ofgeholl, well hei Vitessen tëscht 141 an 178 km/h gefuer goufen. Hei gouf dann och e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.
Weider Verstéiss goufen et dann nach am Kader vun der Beliichtung an de Pabeieren.