Um private Locatiounsmarché ass d’Nofro grouss. Och d’Studente leiden ënnert den héije Loyerspräisser. Käschte fir d’Agence, eng Garantie vun 3 Méint. Do ass ee séier op e puer Dausend Euro. E Student, dee sech dat iwwerhaapt mol leeschte kann, hätt et nawell schwéier bäizekommen. D’Proprietären hunn de Choix. D’Präferenz läit gewéinlech bei Locatairë mat festem Aarbechtskontrakt.
Déi Erfarung huet d’Fariba Emami gemaach. Déi jonk Studentin studéiert zanter 2 Joer op der Uni Lëtzebuerg. “Wa si gewuer ginn, datt s du Student bass, soe si: mir hunn näischt fir Studenten.”
4 Méint laang huet d’Fariba no engem Studentenzëmmer, fir sech an hire Frënd gesicht. Ass wärend där Zäit bei enger Frëndin ënnerkomm. Ouni eegent doheem, wäit ewech vun der Famill an der Mammesprooch, verzweiwelt op der Sich. Dat wär emotional schwéier gewiescht.
Studentendelegatioun fuerdert Moossnamen
D’Uni selwer verfüügt iwwer eng 1.000 abordabel Logementer, fir eng 6.000 Studenten. Am internationale Verglach léich een do am gudden Duerchschnëtt, heescht et op Nofro hin. An awer geet et net duer.
“Beim leschten akademesche Joer war et schonn esou, datt Studentewunnenge scho virum August alleguer fort waren”, seet de Max Bintener, President vun der Studenten Delegatioun. “Déi meescht Studente fannen eng Léisung, mee ech géif awer soen, datt e 4stellege Betrag u Studenten nach betraff sinn.”
Op Nofro schreift d’Uni Lëtzebuerg, d’Situatioun wär änlech wéi zejoert. Dagdeeglech géife Logementer fräi an nees verlount ginn. Et wär ze fréi fir definitiv Zuele vun der Waardelëscht ze ginn. Ausserdeem géif ee permanent dru schaffen d’Offer ze vergréisseren. Um Belval solle beispillsweis 2027 eng 100 Studentewunnenge bäikommen.
“Dat sinn der bei wäitem net genuch”, seet de President vun der Studenten Delegatioun. Am Virfeld vun de Walen hu si de Parteien hir Fuerderunge mat op de Wee ginn: Modern Residenze misste gebaut ginn, besonnesch ronderëm d’Stad Lëtzebuerg. Studenten aus Drëttlänner missten och dierfen hannert d’Grenz wunne goen, wa se dat wéilten. Esou hätte si méi Optioune fir bezuelbar Wunnengen ze fannen.
“Da muss awer och gekuckt ginn, wéi kann ee vläicht de Privatmarché fir Studente méi attraktiv maachen. Kann ee vläicht, wann een u Studente verlount, dat finanziell a fiskal favoriséieren?” proposéiert de Max Bintener.
Bedruch op de soziale Medien
D’Fariba Emami hat no laangem Siche Gléck a krut bei der asbl Lisel e grousst Studentenzëmmer fir 600 Euro de Mount zu zwee. De Kontrakt leeft fir ee Semester a ka just op Noweis vum Studentestatut verlängert ginn. Si ka sech och offiziell op dëser Adress umellen. Dat wär bei den Offeren, déi op de soziale Medie gemaach géifen, dacks net de Fall. Dëst wär awer dacks deen eenzege Wee, fir Studenten iwwerhaapt e bezuelbaart Zëmmer ze fannen.
An de soziale Medien géife verschiddener awer och d’Nout vun de Studenten auszenotzen. Hannert eenzelen Annoncë géif näischt anescht wéi Bedruch stiechen, warnt d’Fariba. “Se wäerten dir soen, si wäre lo net zu Lëtzebuerg. Du kanns keng Visitt maachen, mä wann s du d’Kautioun iwwerweis, hale mer der d’Zëmmer.” Eng iranesch Frëndin wär op den Trick eragefall an hätt 700 Euro iwwerwisen.