Iwwert de Weekend754 Corona-Infektioune bei 2.918 PCR-Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm eng op elo 1.131 geklommen ass.

D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

Aktuell sinn 19 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien zwee Patienten op der Intensivstatioun. Iwwert de Weekend ass eng Persoun a Verbindung mam Virus gestuerwen. Am Ganze goufe bis ewell 1.290.782 Impfdosisse genotzt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,31. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 8,22 Prozent. Vun 353 PCR-Tester waren der e Sonndeg 29 positiv. E Samschdeg goufen 283 Persoune positiv getest, e Freideg waren et der 442.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO