
Aktuell sinn 57 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 9 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.256.487 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 141,41 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 113,16 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,70. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.