Kontroll vun Transport vun Offall79 Sanktioune bei 124 Kontrollen

RTL Lëtzebuerg
D'Douane an d'Ëmweltverwaltung hunn am Oktober den internationalen Transport vun Offall kontrolléiert.
© AEV

Wéi et en Dënschdeg an engem Communiqué heescht, wiere bei 124 Gefierer, déi kontrolléiert goufen, 49 Saachen opgefall, déi net konform waren. Am Ganze waren et 79 Infraktiounen an dës goufen och sanktionéiert.

Zum Beispill hunn Dokumenter oder carrement d’Autorisatioun gefeelt. D’Kontrolle vun der Douane a vun der Ëmweltverwaltung waren ënnert anerem op den Autobunnen, mee och op der Wemperhaart um Fridhaff oder nach tëscht Fréiseng an Helleng.

Back to Top
CIM LOGO