CGDIS8 Blesséierter bei 4 Accidenter, 1 dovunner schro verwonnt

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch den Owend hat et op de Lëtzebuerger Stroossen nawell dacks gerabbelt, sou z.B. an der Stad, tëscht Nidderkäerjeng a Kënzeg, an zu Diddeleng.

Géint 18.15 Auer gouf an der Stad um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte e Cyclist vun engem Auto ugestouss. Eng Persoun gouf liicht blesséiert. D'Stater Pompjeeën an d'Ambulanz waren op der Plaz.

Géint 21.15 Auer gouf et méi en uergen Accident tëscht Nidderkäerjeng a Kënzeg. Hei war en Auto op der Kopp gelant an 2 Persoune goufe blesséiert, eng dovunner schwéier. Si huet mussen aus dem Auto geschnidde ginn. D'Pompjeeë vu Käerjeng an Esch waren op d'Plaz geruff ginn, grad ewéi den Escher Samu, an d'Ambulanze vun Esch a Péiteng.

Géint 21.20 Auer sinn op der Diddelenger A3 op der Héicht vum Beetebuerger Kräiz 2 Autoen net laanschtenee komm. Heibäi si 4 Persoune liicht blesséiert ginn. D'Pompjeeë vu Beetebuerg an Diddeleng goufen an den Asaz geruff, grad ewéi 2 Ambulanze vu Beetebuerg.

Kuerz virun 21.30 huet et dunn nach am Rond-point Irgäertchen geknuppt. Och hei waren 2 Autoen dran involvéiert. Eng Persoun gouf liicht blesséiert. D'Stater Pompjeeën an Ambulanz hu sech drëm gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO