
D’Defense hat en integrale Sursis gefrot, also en Aussetze vun der Prisongsstrof, gebonnen u Konditiounen.
De Sursis probatoire ass hei mat 3 Joer e bëssi méi laang. Et ass net, wat mir gefrot hunn. De Sursis probatoire an de Suivi Therapeutique musse virstoen, seet d’Affekotin vum Ugekloten Suzy Gomes Matos.
Den Ugeklote muss doriwwer eraus der Victime eng Entschiedegung vun 20.000 Euro bezuelen an den Eltere jee 5.000 Euro. 10 Joer däerf hie weder enger Aarbecht, nach engem Benevolat nogoen, wou hie mat Mineuren a Kontakt ass. An hie muss och weiderhin eng Therapie maachen.
40 Deeg laang kann ee géint dat Urteel an Appell goen.