
“Dee Monsieur do”, sot dat klengt 6 Joer aalt Meedchen, nodeems et an Tréinen ausgebrach ass, wou d’Enseignante hatt gefrot huet, wat da geschitt wier. “De Monsieur” war de 27. Oktober 2021 an d’Meedercherstoilette erakomm, nodeems e seng Niess an d’Schoul bruecht huet. En hat et mat an eng Kabinn geholl, sech sexuell un him vergraff an dat Ganzt gefilmt. Dono sot hien, hatt soll seng Hänn wäschen an ass gaangen.
Genee dee Monsieur stoung e Freideg virum Stater Geriicht. Um Cap Vert gebuer, 30 Joer al, grouss a korpulent. Säi Bléck, schei an auswäichend. En anert Bild, wéi den Expert an der Neuropsychatrie vum Mann zeechent: Pedophil, e Voyeur an en Exhibitionist.
Duerch Videomaterial, wat bei der Perquisitioun no de Faite fonnt ginn ass, konnten dës Tendenzen ënnerluecht ginn. Den Ugekloten huet schonn eng länger Zäit Kanner gefilmt. Hiren Hënner am Zoom. Awer och Fraen, deels ënnert hir Juppe. A sech selwer, beim Masturbéieren. Zejoert ass et da vum Acte virtuel zu engem Acte réel komm. Den Expert sot, en Traitement vum Ugeklote wier ubruecht, mee erschwéiert, well hie keng Scholdgefiller hätt an net géing leide wéinst deem, wat hie gemaach huet. Op d’mannst elo virun der Riichterin huet dat anescht ausgesinn.
Den Ugeklote war zréckhalend. Huet ugangs net präzis op d’Froe vun der Riichterin geäntwert, déi sech awer drugehalen huet. “Ech weess net wierklech wat mat mer geschitt ass. Ech hat eng Pulsioun”, sou de jonke Mann, a weider: “Ech war desorientéiert. Ech sinn net esou”.
Wéi d’Riichterin hien awer drop higewisen huet, datt hie genau esou wier, ass hie op eemol an Tréinen ausgebrach: “Et deet mer leed. Ech si krank. Wat ech gemaach hunn, mécht een net”. Et wier lamentabel an hie géing sech schummen. Hien huet sech zu den Eltere vum Kand hannen am Sall ëmgedréint a sech entschëllegt. E schwaachen Trouscht...
De Parquet fuerdert 8 Joer Prisong. Och virum Hannergrond, datt de Risque de récidive fir Voyeurismus an Exhibitionismus mat 30 bis 40 Prozent héich ass, wéi den Expert virdru sot. Bei der Pedophille wier e manner, mee et hätt een och manner Chifferen. D’Defense vum Ugekloten ënnersträicht awer, datt misst Bestrofung an Heelung zesummekommen. Den Ugekloten huet schonn en Traitement am Prisong ugefaangen a wéilt dat och weider maachen. D’Affekotin Suzy Gomes Matos fuerdert e Sursis probatoire, also en Aussetze vun der Prisongsstrof, déi un d’Konditioun gebonnen ass, datt den Ugeklote weiderhin a Behandlung bleift.
D’Urteel gëtt den 9. November gesprach.
Grondschoul zu Hesper: Sexuellen Iwwergrëff op mannerjäregt Meedchen am Cycle 2