Coronavirus zu Lëtzebuerg8 Persoune gestuerwen, vun 11.753 Tester waren der 298 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 736 läit.

Aktuell sinn 124 Persounen hospitaliséiert, dovunner 20 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 3.425 aktiv Infektiounen a 56.044 Persoune gëllen als geheelt.

1.720 Persoune kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis, fir 615 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 80.328 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,09. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO