
An der Nuecht op e Sonndeg hat de Parquet Alkoholkontrollen op dräi verschidde Plazen ordonnéiert. Esou stoungen d’Beamte vun der Police tëscht 23 an 23.45 Auer am Rollengergronn, eng Stonn méi spéit a bis 1:30 Auer op der Kräizung vun der Place de la Constitutioun, dem Boulevard Roosevelt an der Rue Chimay a vun 2:30 bis 3:30 an der Rue de Neudorf, alles an der Stad. Dobäi goufen 141 Automobiliste kontrolléiert. Sechs Protokoller an zwee Avertissemente goufen ausgestallt, an dräi Fäll gouf de Permis agezunn.
Net an eng grouss Kontroll sinn dogéint aner Persoune geroden, déi de Führerschäin verluer hunn. Zu Leideleng war en Automobilist géint 4.30 Auer e Sonndeg géint d’Barrière vun engem Parking vun enger Firma gerannt. Den Auto gouf dono um Parking ofgestallt a béid Leit, déi am Auto souzen, hunn d’Plaz verlooss. D’Police konnt si awer erëmfannen an de Chauffer, deen däitlech ze vill gedronk hat, krut de Permis ofgezunn. E Bericht goung un de Parquet.
Tëscht Angelduerf an Ettelbréck ass enger Patrull géint 1 Auer eng Geeschterfuererin entgéint komm. Och dës Fra hat ze déif an d’Glas gekuckt an huet de Permis misste bei de Beamte loossen. Zu Käerjeng gouf dann nach e Fürerschäin agezunn, hei geet d’Police awer net an den Detail.