
Eng 800 Cycliste sinn de Samschdeg de Mëtten duerch d’Stad gefuer, fir méi sécher a flächendeckend Vëlospisten anzefuerderen. D’Associatioun ProVelo hat zu der Manifestatioun opgeruff an donieft e Fest bei der Gëlle Fra organiséiert. Den Organisateuren no wieren am Ganzen iwwer Dausend Leit op d’Place de la Constitution komm.
Vill, ganz vill Vëloe waren e Samschdeg an der Haaptstad ënnerwee. Iwwer bal 6 Kilometer goung et vun der Gëlle Fra, duerch de Garer Quartier, bis op Bouneweg an erëm zréck. Vun der Police goufen d’Cyclisten eskortéiert. D’Associatioun “ProVelo” wollt esou op d’Sécherheet vun de Leit op den Zweerieder opmierksam maachen.
E sécheren a flächendeckende Vëlospiste-Reseau. Dëst ass eng vun de wichtegste Revendicatiounen.
De Vëlo géif ëmmer méi eng droend Roll am Alldag vun de Leit spillen. E gewënnt u Wichtegkeet. Och a virun allem an de Stied. Den 1,5 Meter Ofstand zum Vëlosfuerer beim Iwwerhuele wär allerdéngs villen Autoschauffer nach net esou bewosst.
Zanter 2016 gëtt et d’Associatioun “Les Tandems de la Vue”. Hei geet et drëms, Mënschen, déi net méi gutt gesinn, respektiv blann sinn, d’Vëlosfueren z’erméiglechen. Extra geschoulte Leit pedalléiere mat blanne Mënschen um Drotiesel.
All Weekend sinn d’Leit um Tandem op de Vëlospiste vum Land ënnerwee. Sou kéint een dëse Persounen, déi net méi gutt gesinn oder blann sinn, e Stéck Liewensfreed vermëttelen. De sozialen Aspekt spillt och eng wichteg Roll heibäi.