Iwwert de Weekend812 Corona-Infektioune bei 3.105 PCR-Tester. 3 weider Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm dräi op elo 1.139* geklommen ass.
© RTL

D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

Aktuell sinn 27 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien dräi Patienten op der Intensivstatioun. Iwwert de Weekend sinn dräi Persounen a Verbindung mam Virus gestuerwen. Am Ganze goufe bis ewell 1.291.186 Impfdosisse genotzt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,01. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 7,43 Prozent. Vu 417 PCR-Tester waren der e Sonndeg 31 positiv. E Samschdeg goufen 329 Persoune positiv getest, e Freideg waren et der 452.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck*Bei den Zuele vun der Santé iwwert d’Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, gëtt et aktuell en Ënnerscheet tëscht hiren deeglechen Zuelen an hire Grafiken. Am deegleche Rapport schwätze si vun 1.139, an hire Grafike vun 1.040.

Back to Top
CIM LOGO