
Den Duerchschnëttsalter vun den 112 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 83 positiv geteste Patienten, 74 vun hinne si Residenten, 9 Non-Residenten. Dat sinn der elo am Ganze 6.272, dorënner 5.122 Residenten an 1.150 Net-Residenten.
Et goufen zanter dem Ufank vun der Kris 399.477 Tester gemaach, de 25. Juli waren et der 5.994.
Vun e Samschdeg, 27. Juni u gi weekends just d'Zuele vun duerchgefouerten Tester, den Nei-Infektiounen an den Doudesaffer matgedeelt. Méi Detailer iwwert d'Tester, déi samschdes a sonndes gemaach ginn, gi vun elo un ëmmer méindes publizéiert.
Allègement de la publication de statistiques lors des weekends et jours fériés (26.06.2020)
Communiqué par: ministère de la Santé Durant la phase actuelle de l'épidémie COVID-19, un allègement de la fréquence de la collecte de données dans le cadre du monitoring COVID-19 se fera durant les weekends et jours fériés.
Ainsi, à partir du samedi 27 juin, seront uniquement mises à jour sur le site internet www.covid19.lu les statistiques concernant :
• le nombre de tests ;
• le nombre de cas positifs ;
• le nombre de décès.
Tous les lundis, les données du weekend et les données du jour seront actualisées.
Toutefois, le recueil des indicateurs fondamentaux à la surveillance de l'évolution de l'épidémie, essentiel à la gestion de la crise sanitaire dans la durée, sera maintenu.