Eng 860 Leit krute vun der Caritas-Helpline gehollef. Dat fir Informatiounen oder eng finanziell Hëllef während der Corona-Kris ze kréien. D’Helpline ënnerstëtzt Mënschen, deenen et zum Beispill schwéier fält, fir Liewensmëttel, hire Loyer, hir Rechnungen oder hir Scholden ze finanzéieren. An deem Zesummenhang huet d’Caritas en Donneschdeg de Bilan gezunn. Donieft huet d’Associatioun méi Efforte vun der Regierung an der Lutte géint Aarmut gefuerdert.
Tëscht Abrëll an August hat d'Caritas eng Helpline ageriicht fir Mënschen, déi duerch déi wirtschaftlech Suitte vun der Corona-Kris an d'Aarmut gerutscht sinn. Wärend deene Méint hu sech 860 Leit per Telefon bei der Caritas gemellt, fir Informatiounen oder eng finanziell Hëllef ze kréien. Insgesamt goufe méi ewéi 267.000 Euro ausbezuelt.
Ënnert de Leit, déi Hëllef kruten, ware vill Jonker. 27 Prozent hate manner wéi 30 Joer. Ronn e Véierel hat manner wéi 30 Joer an een Drëttel war tëschent 31 a 40 Joer al. Ënnert den Demandeure war och e groussen Deel vu Mammen oder Pappen, déi hir Kanner eleng erzéien. Besonnesch uerg huet d'Kris déi Leit getraff, déi an der Restauratioun schaffen, Independant sinn oder hir Suen am Botzsecteur verdéngen. Betraff waren och Persounen oder Famillen, déi virun der Kris iwwert d'Ronne komm sinn.
D’Caritas huet dann och d'Regierung dozou opgeruff, méi Efforten an der Lutte géint d’Aarmut an d'Inegalitéiten ze maachen. Dat ënnert anerem an de Beräicher vun der Aarbecht, dem Klima an dem Logement. Zum Beispill fir méi abordabele Wunnraum ze schafen, grad ewéi sech fir eng nohalteg Klimapolitik anzesetzen. Donieft fuerdert een och, fir eng Rei steierlech Ongerechtegkeeten ofzeschafen, erëm eng Verméigenssteier anzeféieren, d'Allocation de vie chère an d'Luucht ze setzen a wärend engem Etat de crise och deene Leit Sozialhëllef z'accordéieren, déi zu Lëtzebuerg wunnen awer keng Adress hei hunn. Weider fuerdert een am Beräich vun de Sans-abrisen, datt den Zougang zu medezinesche Soine vereinfacht an den Accès zu Corona-Tester garantéiert gëtt.