Police-Bulletin9 Abréch goufe vun e Samschdeg op e Sonndeg gemellt

RTL Lëtzebuerg
Vun e Samschdeg am Nomëtteg bis e Sonndeg de Moie goufen Abréch zu Diddeleng, Biissen, Stroossen, Mëlleref, Réimech, Bouneweg an an der Stad gemellt.
© RTL Archiv

Kuerz no 22h30 hunn d’Awunner Geräischer an hirer Wunneng an der Rue Enz zu Réimech héieren. Wéi de Mann nokucke wollt, huet hien zwee Onbekannter am Trapenhaus iwwerrascht. Hie konnt ee vun den Täter nach unhalen, wouropshin deen zweeten Täter hien ugegraff a blesséiert huet. D’Abriecher konnten deemno flüchten.

Zu Bouneweg si géint 3 Auer an der Nuecht dräi Abriecher aus enger Wunneng an der Rue J-A Muller geflücht, wéi och si vun de Proprietären iwwerrascht goufen.

Zu Esch-Uelzecht, Koler a Biissen ass et all Kéier bei engem Abrochversuch bliwwen.

Back to Top
CIM LOGO