Alkoholskontrollen9 Mol gouf zevill gedronk, 2 Permisen goufen agezunn

RTL Lëtzebuerg
Op Uerder vum Parquet waren e Samschdeg den Owend an e Sonndeg de Moie grouss Alkoholskontrollen an der Stad.

Méi genee op der N11, der Iechternacher Streck, um Boulevard de la Foire an am Rondpoint Gluck.

118 Chauffere goufe kontrolléiert. 9 Mol war den Test positiv.

Zwee Führerschäiner goufen op der Plaz agezunn.

Back to Top
CIM LOGO