Alkoholkontrollen9 vu 759 Automobilisten haten ze vill gedronk

RTL Lëtzebuerg
Zu a ronderëm Dikrech huet d'Police e Samschdeg den Owend Alkoholkontrolle gemaach, déi de Parquet ordonéiert hat.
© AFP

Zu Dikrech, zu Angelduerf an um Fridhaff hunn am Ganzen
759 Automobiliste misste blosen. 9 ënnert hinnen haten ze vill gedronk. 3 Chaufferen hunn hire Führerschäin och nach op der Plaz ofgeholl kritt.

Zu Wolz huet d’Police e Samschdeg den Owend e Chauffer kontrolléiert, well e mat sengem Auto op engem Arrêt fir Busse stoung. Et huet sech erausgestallt, datt de Mann ze vill gedronk hat. Hien huet de Führerschäin direkt ofgeholl kritt a koum fir eng Kontroll an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO