Coronavirus zu Lëtzebuerg958 Persoune positiv getest, 4 Persounen op der Intesivstatioun

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.004 bleift.
© RTL

Aktuell sinn 38 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 4 Patienten op der Intensivstatioun. En Donneschdeg goufen 108 Re-Infektioune festgestallt. Den Ament ginn et 10.882 aktiv Infektiounen, 180.078 Leit sinn nees gesond.

Am Ganze goufe bis ewell 1.269.843 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 138,95 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 155,51 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,16. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO