
De Parquet huet ugeuerdent, datt béid Frae festgeholl sollte ginn. Béid Frae gi verdächtegt, och an den zwee Deeg virun der Dot Wueren aus dem nämmlechte Geschäft geklaut ze hunn. En Untersuchungsriichter huet e Sonndeg de Moien Haftbefeel géint d’Fraen erlooss an déi geklaute Wueren am Wäert vun 355 Euro goufen dem Buttek zeréckginn.
E Freideg géint der Mëtteg huet d’Police an engem Café an der Rue de Strasbourg op der Gare ee Mann festgeholl, dee verdächtegt gëtt, Drogen trafiquéiert ze hunn. De Mann war an de Café gaangen, wou en d’Beamten erbléckst huet. Well en de Polizisten duerch seng Nervositéit opgefall ass, gouf d’Poubelle duerchsicht, déi direkt nieft him stoung. Do dra goufe 7 Drogeplombe fonnt. De Verdächtege gouf doropshi festgeholl an e Samschdeg dem Untersuchungsriichter virgefouert.