Et gëtt vun doheem geschafft, am Internet gesurft a fir d'Schoul Coursë suivéiert. D'Annick Goerens huet beim Service des Médias et des Communications vun der Regierung nogefrot. E Service, wou aktuell all d'Informatiounen iwwer d'Lëtzebuerger Reseaue regroupéiert ginn.
Ganz besonnesch am Ufank vun der Kris, de 17. an 18. Mäerz hätt ee ganz däitlech vill méi Trafic op eisen Online-Reseaue kéinten observéiere wéi nach virum Ausbroch vum Coronavirus zu Lëtzebuerg.
Op de fixen Uschlëss wär och nach aktuell ronn 25 Prozent méi Trafic wéi soss, erkläert de Michel Asorne vum Service des Médias et Communications: "Dat ass natierlech haaptsächlech duerch – also nieft dem Télétravail - Streaming wéi Netflix oder aner Streaming-Déngschter, déi do méi Trafic maachen. Op der mobiller Säit do huet sech d'Situatioun awer normaliséiert. Do war och méi e Peak méi am Ufank vun der Kris. Mëttlerweil ass et awer sou, dass den Trafic méi niddreg ass wéi virun der Kris. Dat ass warscheinlech doduerch, dass mer keng Touristen am Land hunn an och vill manner Frontalieren, déi normalerweis da Roaming-Trafic maachen, deen dann ewechfält."
Déi meeschte Leit sinn nach ëmmer owes online, mä mëttlerweil wär d'Bandbreet awer och schonn am Dag méi ausgelaascht an et hätt ee méi héije globalen Trafic wéi nach virum Coronavirus. D'Operateuren an d'Internet-Service-Provider wären dofir awer ganz gutt opgestallt.
"Si kënne mat esou Situatiounen ëmgoen an eis Lëtzebuerger Reseaue sinn och grouss ausgebaut a bidden och nach genuch Capacitéit, souguer wann nach weider Trafic géif kommen. Dat ass natierlech d'Konsequenz aus den Investitiounen, déi an de vergaangene Joren an eis Infrastruktur an an d'Connectivitéit gefloss sinn, déi maache sech dann haut bezuelt."
Natierlech kéint et och sinn, dass et mol eng Kéier bei deem engen oder anere méi lues geet, dat hätt awer näischt mat enger Iwwerbelaaschtung ze dinn, erkläert de Michel Asorne: "Jidder Konsument huet eng gewësse Bandbreet zur Verfügung. Wann déi elo ausgereizt gëtt, zum Beispill wann een verschidde Fluxe parallel lafe léisst oder Transferten niewelaanscht mécht, da kann et natierlech zu enger Degradatioun vun der Qualitéit kommen."
Och d'Servere vun de Streaming-Déngschter oder anere Plattformen, déi Contenu zur Verfügung stellen, kéinten op hirer Säit mol iwwerlaascht sinn an dat kéint zu enger méi schlechter Qualitéit féieren. Dat hätt dann awer näischt mam Lëtzebuerger Reseau ze dinn, sou nach den Michel Asorne. Natierlech kéinten Enkpäss awer och ni zu 100% ausgeschloss ginn.
Et gëtt awer net just méi Netflix gekuckt, méi op de soziale Medien gesurft, méi online Hausaufgaben an Coursë gemaach, méi iwwer Télétravail geschafft a Videokonferenze gemaach, mä et gëtt och ganz klassesch nees méi mateneen telefonéiert a méi SMS geschriwwen, wéi eis den Direkter vun der POST Telecom, de Cliff Konsbruck erkläert.
"Also et ass effektiv esou, dass mir zanter 2 Wochen eng staark Croissance gesinn op eise Reseauen. Dat ass virun allem mol Telefonie, souwuel Telefonie fix wéi och Telefonie mobil. Mir gesinn do Croissancë bis zu 80 Prozent op deene Reseauen. Mir gesi souguer eng Croissance vum SMS-Traffic säit laangem erëm, well den SMS-Trafic geet jo säit de leschte Joren erof. Dann hu mer um Niveau vum Internet an der Moyenne eng Croissance vun 30 Prozent. Dat geet awer bis zu 70 Prozent an d'Luucht, zu Spëtzenzäiten. An dat ass ganz oft, wann Interventioune vun der Regierung sinn, déi da vu ganz ville Leit online am Streaming suivéiert ginn."
D'Zuelen schéngen riseg, sou den Cliff Konsbruck, mee et wär een dorop virbereet an dat wär och nach weit ewech vun der Limitt vun de Capacitéiten, sou den Direkter vun der Post.
Och d'Eltrona kann hir Clientë berouegen. Déi eege Capacitéiten, fir den Internet ze verdeelen, hätt ee vervéierfacht, erkläert den Direkter Paul Denzle. Tëlee kéint een trotz Zouwuess an normaler Vitess a Qualitéit kucken. Et kéint een esouvill glotzen ewéi ee wëll, an dat zanter Joerzéngten op déi selwecht Manéier, iwwert den Kabel aus Koffer.
Den amerikanesche Streaming-Fournisseur ''Netflix'' huet annoncéiert, d'Qualitéit vun de Videoen e bëssen ze drosselen. Dat no Ofsprooch mat der Europäescher Unioun. Si diffuséieren iwwer den oppenen Internet. D'Post huet hir eegen Infrastrukturen a Capacitéiten a kann hir Filmer an der héijer Qualitéit offréieren.
Vill Butteker hunn zou. D'Télékommunikatioun gehéiert awer och an der Ausnamesituatioun zu den noutwennege Servicer. D'Ekippe vun der Eltrona a vun der Post gi bei de Client, wann et muss sinn. Méi kleng Aarbechte géif ee mat Ofsprooch mam Client awer eréischt maachen, wann d'Kris eriwwer wär.
Vill Leit kënnen ouni Accès op déi intern Datebanke vum Patron net vun doheem aus schaffen. D'Cyberkriminalitéit geet an dësen Zäiten erop. Dofir ass et nach den Appell vum Cliff Konsbruck un d'Entreprisen, virsiichteg ze sinn.
An Zäite vum Coronavirus muss een doheem bleiwen, d'Vakanz ass ofgesot. An awer kann een an aner Kulturen ofdauchen. D'Offer vun internationale Serien ass iwwert déi divers Streaming-Servicer grouss genuch, fir eng Weltrees ze maachen.