
Nom Départ vum Alex Bodry war dës Kommissioun eng éischte Kéier ënnert dem neie President Mars Di Bartolomeo beieneen an d'Meenunge schénge plazeweis auserneenzegoen.
Zanter puer Méint ass gewosst, datt déi grouss Verfassungsreform ausbleift an datt just punktuell soll nogebessert ginn, Revisioun nennt dat Ganzt sech elo.
En Dënschdeg de Moie goung et drëm, ze definéieren, wéi weider soll geschafft ginn.
Dëser Deeg interesséiert natierlech besonnesch d'Kapitel vun der Staatsform. Wat de Waringo-Rapport ugeet, hält d'CSV sech ganz bedeckt a wëll d'Presentatioun vun e Mëttwoch ofwaarden.
Den Deputéierte Léon Gloden: "Mir hunn haut net vill dovu geschwat a waarden of, wat de Premier muer seet".
Vu méi Säite gëtt drop higewisen, datt vill Elementer aus deem Dokument der Chamber bekannt wieren a se stéingen och a vergaangene Kommissiounsrapporten.
De Gast Gibéryen vun der ADR: "Et gi keng Froen opgeworf, déi virdrun net bekannt waren. De Rapport däerf elo net gebraucht ginn, fir géint d’Monarchie ze goen".
De Marc Baum, Parlamentarier vun déi Lénk gesäit dat nawell anescht: "Bei der Funktioun a beim Aktiounsperimeter vum Staatschef gi Recommandatioune gemaach, déi Verfassungscharakter hunn."
Fir déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché ass op alle Fall och kloer, datt am Detail iwwert de Rapport wäert musse geschwat ginn: "Déi Recommandatioune sollen op de Leescht geholl ginn an et soll gekuckt ginn, wéi eng Verfassungsrelevant sinn a wéi eng an e Gesetz kéinten afléissen".
Brécke bauen tëscht dem Rapport an den Aarbechten an der Kommissioun, dat wëll den neie President Mars Di Bartolomeo. D'Zil vum genannte Kapitel vun der Verfassungsreform wier et op alle Fall, den Haff ze moderniséieren an d'Relatioun tëscht den Institutiounen ze klären.
Bei der Verfassungsrevisioun bleift et bei der Opdeelung a 4 Kapitelen, de Volet Justiz zum Beispill soll no der Fuesvakanz ofgeschloss ginn.