Georges Sold gëtt neie President, Amir Vesali gëtt Generalsekretär
D'Lëtzebuerger Jonk Sozialisten hunn nees e President. De Georges Sold gëtt säin Amt vum Generalsekretär un den Amir Vesali of a gëtt neie JSL-President.
D'Jonk Sozialisten hunn nees eng Leedung, sou wéi hir Statutten et virgesinn. No der Neioplo vun der Blo-Rout-Grénger Regierung war ënnert anerem den deemolege JSL-President Jimmy Skenderovic Ënn Oktober zeréckgetrueden. E Samschdeg um Kongress vun de Jonke Sozialisten zu Esch gouf de Georges Sold mat 21 Jo- an 10 Nee-Stëmmen net ganz onëmstridden den neie President. Säi Poste vum Generalsekretär huet den Amir Vesali iwwerholl. Deen hat sech mat 15 zu 7 Stëmme géint den Dylan Ferreira duerchgesat. Vill bekannt LSAP-Gesiichter haten de Wee an d'Maison du Peuple vum OGBL fonnt. De sozialisteschen Nowuess huet si mat Kritik net verschount. Ëmmerhi wär d'Zoustëmmung dobausse fir d'sozialistesch Partei op engem historeschen Déif, esou den neie JSL-President Georges Sold.
''An amplaz elo Gréisst ze weisen, eis Néierlag anzegestoen, déif an eis ze kucken an eis ze besseren: wat maache mir? Mir molen déi komplex Welt, wéi se elo ass, schwaarz-wäiss mat der CSV, halen d'Fanger ewech vun der Pensioun, ginn zesummen mat de Liberalen an d'Bett a bretzen eis nach, dass mir zweetgewielte Partei sinn.''
Vill Jonk Sozialisten hätten d'Flemm vun der Politik, vu Ligen a vun hirer Mammepartei, déi de Renouveau vun der Partei net decidéiert genuch ugoe géif, esou de Georges Sold nach. Déi frëschgebaakten Inneministesch Taina Bofferding war fréier selwer JSL-Presidentin. Si huet den Nowuess encouragéiert.
''Mat der Flemm hunn, komme mir net weider. Ech verstinn, dass mol eng Kéier deen een oder deen anere sech freet: ''Ginn ech nach gebraucht, huet et nach e Wäert, dass ech meng Meenung hei zum Ausdrock bréngen? Et lauschtert souwisou hei kee mir no.'' Esou soll et net sinn, et gi Momenter, déi net schéi sinn. D'Politik ass net ëmmer einfach.''
Digital, demokratesch an divers misst d'JSL ginn. Op de sozialen Netzwierker missten nei Talenter fonnt a rekrutéiert ginn. Attraktiv wär d'Sozialistesch Partei den Ament awer net. De President vun de Jonke Sozialiste Georges Sold huet vun enger negativer Experienz op der Studentefoire erzielt.
''Et ware vill Studenten do, mä se waren net bei eis, se ware bei deenen anere Parteien. Et kann ee sech och do Froe stellen. Wat enorme Succès hat, ware Béchsen, déi ofgeschoss gi si mam Nicolas Schmit sengem Kapp drop bei der Unel (Red: Union Nationale des Etudiant-e-s du Luxembourg).''
Ëmmer nees hat d'Mammepartei probéiert, d'Gonscht vum Nowuess zeréckzegewannen. All d'Membere vun der LSAP missten zesummen alles ginn, fir nees Walen ze gewannen, sot nach d'Taina Bofferding. Den 22. Januar um groussen LSAP-Kongress soll de Grondstee geluecht ginn.