
Eng Policepatrull war e Sonndeg den Owend géint 21:30 Auer an der Rue Zénon Bernard zu Esch op en Auto opmierksam ginn, deen hinnen am Sens interdit entgéint koum. Wéi ee vun de Beamten de Chauffer unhale wollt, huet dëse Gas ginn a sech duerch d'Bascht gemaach. Bei enger Rouder Luucht virum Boulevard Prince Henri konnt den Auto awer schlussendlech gestoppt ginn.
Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt de Chauffer kee valabele Permis hat. Säi Bäifuerer hat allerdéngs Pefferspray an e Schlagring dobäi. An och am Auto konnt e weidere Pefferespray fonnt ginn, souwéi Haschisch an een Joint.
Den Auto gouf op Uerder vum Parquet saiséiert an och de Permis gouf agezunn.