Och wa se an Usproch geholl gouf, ass d'Afferambulanz am 1. Joer vun hirem Bestoen net d'Affer vum eegene Succès ginn.

An deenen 12 Méint si just, wann ee sou wëll, 18 Fraen am Staatslabo zu Diddeleng ënnersicht ginn, wat manner ass wéi dat, woumat déi Responsabel vun der Unité médico-légale de documentation des violences gerechent haten.

Fir op déi erwaarte 50 bis 100 Fäll d'Joer - oder ee bis zwee d'Woch - ze kommen, war een haut op den Dag genee virun engem Joer bei der Presentatioun vun der UMEDO awer och vun enger Ulafzäit vun annerhallwem bis zwee Joer ausgaangen.

AUDIO: 1 Joer Afferambulanz

Woubäi sech awer zwou vun den 18 ënnersichte Fraen, also 11%, dono och bei der Police oder beim Parquet gemellt hunn, wéi de Rechtsmedeziner Dr. Thorsten Schwark betount huet: Do hat ee sech zejoert 5-10% erhofft. D'Affer kommen aus alle gesellschaftleche Schichten a Communautéiten, ma d'Täter si männlech. Donieft gouf et an der rechtsmedezinescher Unitéit fir d'Dokumentatioun vu Gewalt och 35 Telefonen, wou keng Ënnersichung gemaach gouf, well keng Blessuren ze gesi waren. Ënnert deene war iwwregens och ee Mann.

E groussen Deel vun den ënnersichte Frae ware Lëtzebuergerinnen, et waren der aus guddem Haus drënner a bei 17 vun den 18 Frae gouf kierperlech a just bei enger sexuell Gewalt festgestallt.

Fir ee vun den 3 Responsabele vun der UMEDO gëtt et och eng ganz gutt Collaboratioun mat de 4 Partnerspideeler CHL a Kierchbierg, CHEM Esch an Ettelbréck Déi meescht Betraffen hunn allerdéngs de Wee an d'Afferambulanz gesicht an net deen an d'Klinik, déi bei hinnen an der Géigend ass. Wat vläicht mat enger gewëssener Schimmt ze dinn huet.

Well ee wuel an der Haaptsaach lëtzebuergeschsproocheg Leit erreecht hätt, wéilt een déi néideg Informatiounen nach emol doriwwer eraus ginn, woubäi nëmmen Erwuessener kënnen ënnersicht ginn.

An Affer vu kierperlecher an/oder sexueller Gewalt komme 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7 um 621 858080 un d'Afferambulanz, an och op umedo.lu kann een Informatioune fannen.